
LEESCHTUNG

Leeschtungstest
Den Test kann zu egal wéi engem Zaitpunkt an der Saison gemach gin.
Idealerweis gett desen Test no enger éischter Ausdauertrainingsphase a virun der spezifescher Préparatioun gemach.
Den Test kann natierlech och während der Saison wiederholl gin. Dee Bilan kann hëllefen fir die individuel Trainingszonen ze réajustéieren, a fir d'Progressioun vum Training ze évaluéieren.
Et gin zwou Zorten, a mir bidden déi éischt un :
-
Leeschtungstest : Des Stoffwiesselanalyse ënner Belaaschtung, wéi mir se ubidden, huet als Zil deng perséinlech Trainingszonen ze définéieren (Bols + Vitesse / Watt) an fir sou ze hëllefen deng Performancen ze verbesseren.
-
Héischleeschtungstest : Dësen Test, deen an engem medicaliséierten Milieu (Clinique, Cardiologue, ...) gemach gett ass méi kuerz an huet als Zil ee Cardio-vasculairen Bilan ze erstellen, an net onbedéngt Trainingszonen.
Prais
- 200 € : LEESCHTUNG : (fir Leefer, déi hir Werter wellen erausfannen an domadder sech verbesseren) :
Leeschtungstest um Laafband + Individuel Trainingszonen & VMA & VO2Max + perséinlech Tipps
- : LEESCHTUNG + : (= Leeschtungstest + Trainingsplang an Suivi via Nolio) :
Selon disponibilité. Op manst 6 Méint. Genauen Prais a weider Info op Ufro.
Normalerweis Forfait vu 100€ / Mount = all Woch ongefeier 15 Minuten Arbescht (1x Contact, 1x Upassung, Analyse, etc) x 4 = 60 Min / Mount (gëtt all Mount gerechent, par rapport vun der Arbescht. Et kann also sinn daat et méi oder manner ass).
Tarif horaire : 100€ / Stonn Arbescht :
CONSULTING : opstellen vun ugepassten Trainingsplang, Ernährung, Stretching, Kraft, etc
LEESCHTUNG + : mat individualiséiertem Suivi : meeschtens Forfait vun 100€ de Mount (nemmen wann maximum 1x Kontakt an 1x Upassung pro Woch. Beim méi Kontakt / Upassung, geet de Präis natierlech erop)
Permanente Kontakt : langen Trainingsplang (6 Méint, 1 Joer, ...), Analyse vun den Trainingen an eventuel Upassung vum Plang, Krafttraining, Ernährung...
Beispill LEESCHTUNG + fir 3 Méint, Test inclus : 500€ (ouni Supplément / Remise)
LEESCHTUNG + = Test (200 €) + Programm fir 3 Méint (100€ geschenkt beim Test) + Suivi (300€ (3x100€)).
Dono, normalerweis Forfait vu 100€ / Mount = all Woch ongefeier 15 Minuten Arbescht (Contact, Analyse, Upassung, etc) x 4 = 60 Min / Mount (gëtt all Mount gerechent, par rapport vun der Arbescht. Et kann also sinn daat et méi gët)